"Monart"
- Details
- Zuletzt aktualisiert am Mittwoch, 11. Februar 2015 21:04
Mon-Art ass e Monnerecher Veräin, deen den 20. Januar 2006 gegrënnt ginn ass. Beim genauen Analyséiere vum Numm, kann een och dee liicht verschleierte Sënn vum Veräin erkennen "Monnerecher Artisten".
Dëse Veräin huet sech ganz der Konscht verschriwwen: Theater fir Grouss a Kleng, Molerei, Poterie…
Hei en original Auszug aus dem Artikel 2 vun de Statute vum Veräin:
Art. 2. OBJECTIF.
L’objectif de l’A.s.b.l. est de promouvoir toutes formes de création et d’animation artistiques et culturelles, ceci notamment par le biais de l’organisation et de la tenue :
- de cours d’initiation
- d’ateliers
- de colloques, de rencontres et de symposium
- de conférences
- d’expositions
- l’édition de publications
- ainsi que toutes autres formes de manifestations
Den aktuelle Comité setzt sech folgendermoossen zesummen:
Presidentin: Silvia Brescia, Monnerech, Grënnungsmember a säit 2007 Presidentin
Secrétaire: Pascale Schmit, Monnerech, säit 2011
Secrétaire adjointe: Colette Mikolajczak, Monnerech, säit 2011
Keessier: Jos Bohnert, Foetz, säit 2012
Keessier adjoint: Martine Philippi, Monnerech säit 2011
Member: Christiane Faber, Steebrécken, säit 2012
Member: Nelly Winandy, Steebrécken, säit 2012
Dir gesitt, de Site bougéiert, och wann en nach net ganz ausgeräift ass!
Also bis deemnächst
.......................................
